Office365 an OneDrive fir d'CNES Mécanique - suite
IFEN - eduPôle Walferdange - Bâtiment 6
Zielsetzung
Wëssen
D’Participante kennen:
- en Iwwerbléck iwwert d'Funktionalitéite vum Office365
- d'Vir- an Nodeeler vum Office365
- eng Selektioun vun Applikatioune vum Office365 (OneDrive, Word, Contacts, Kalenner, Mail, eduDocs)
- OneDrive.
Kënnen
D’Participanten si capabel:
- sech an den Office365 anzeloggen
- Fichieren an Dossieren an hirem perséinlechen OneDrive unzeleeën, ze läschen, z'organiséieren, ëmzebenennen an ze beaarbechten
- Fichieren an Dossieren aus hirem perséinlechen OneDrive mat anere Leit ze deelen
- de OneDrive Sync Client op hirem Computer ze installéieren an ze benotzen / verwalten
- d'OneDrive App um iPad z'installéieren an ze benotzen
- Gruppen ze erstellen an ze geréieren
- Fichieren an d’Grupp eropzelueden an ze geréieren
- e-Mailen ze consultéieren a ze verschécken
- de Kalenner ze notzen (individuell an am Grupp)
- eng Recherche op eduDocs ze maachen.
Haltung
D’Participante ginn dozou bruecht, Inspiratiounen ze sammelen, wéi si hier Aarbecht an der CNES mat dëse Mëttele méi interaktiv gestalte kënnen.
Inhalt
- Iwwerbléck iwwert den Office365:
- Cloud
- online Apps
- Apps op PC / Mac / Laptop
- Virdeeler
- Nodeeler
- OneDrive a perséinlech Dokumenter:
- déi verschidden Operatiounen um Disk an op de Fichieren
- nei Dokumenter erstellen
- eroplueden
- synchroniséieren
- deelen iwwer 2 Weeër
- Versiounsverlaf.
Arbeitsformen
- Presentatioun an Demonstratioun
- praktesch Aarbechten
- Diskussioun.
Referent
Jean-François Baijot, EduTec