X

eduBlog

Restez-informés! Toutes les actualités autour des TIC dans l'éducation nationale.

 
Event date: 27/11/2018 15:00 - 18:00 Export event

OneDrive an Office365 am schoulesche Kontext notzen - um Computer an um iPad

IFEN - eduPôle Walferdange - bâtiment 6

Zielsetzung

Wëssen
D’Participante kennen:
- eng Selektioun vun Applikatioune vum Office365 (OneDrive, Word, Contacts, Kalenner, Mail, eduDocs)
- Methoden, déi verschidden Applikatiounen an der Unterrechtsvirbereedung, an der Gruppenaarbecht ënner Enseignanten, resp. am Unterrecht mat de Schüler/-innen, sënnvoll anzesetzen
- OneDrive
- d’Virgoensweis, d’IAM for Kids-Konte vun hire Schüler/-innen ze aktivéieren.

Kënnen

D’Participanten si capabel:
- sech an den Office 365 anzeloggen
- Fichieren an Dossieren an hirem perséinlechen OneDrive unzeleeën, ze läschen, ze organiséieren, ëmzebenennen an ze beaarbechten
- Fichieren an Dossieren aus hirem perséinlechen OneDrive mat anere Leit ze deelen
- De OneDrive Sync Client op hirem Computer ze installéieren an ze benotzen/verwalten
- D'OneDrive App um iPad ze installéieren an ze benotzen
- Gruppen ze erstellen an ze geréieren
- Fichieren an d’Grupp eropzelueden an ze geréieren
- E-Mailen ze consultéieren a ze verschécken
- de Kalenner ze notzen (individuell an am Grupp)
- eng Recherche op eduDocs ze maachen.

Inhalt

An dëser Formatioun wäert eng Selektioun vun Applikatiounen aus dem Office 365 presentéiert ginn: OneDrive, Office Groups, Word, Mail, eduDocs, etc. De Schwéierpunkt läit dobäi awer op der Manipulatioun vun Dokumenter am OneDrive an op deenen ënnerschiddleche Méiglechkeeten, dës mat anere Leit ze deelen. 
De Participanten gëtt gewisen wéi een de OneDrive Sync Client um Computer installéieren a benotzen kann, a wéi een op mobile Geräter (iPad) mat Hëllef vun der OneDrive App Dokumenter erop- an eroflueden kann. Ausserdeem gëtt behandelt, wéi ee Gruppen am Office 365 erstellen a geréiere kann, wéi een Dokumenter an esou eng Grupp drasetzen a kollaborativ schaffe kann. 
Falls néideg, kënne mir Iech och bei der Aktivéierung vun den IAM for Kids-Konte fir d’Schüler/-innen vum EF hëllefen.

Arbeitsformen

- Presentatioun an Demonstratioun
- Praktesch Aarbechten
- Diskussioun

Referentin

Formateur/-trice EduTec

Remarques

Dir musst d'Passwuert vun Ärem IAM Login kennen.

Print
«octobre 2023»
lun.mar.mer.jeu.ven.sam.dim.
2526272829301
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
303112345

Autres actualités

123456